Le Géoportail National
du Grand-Duché de Luxembourg

Gemeng : Käerjeng -> Detailléierte Moossnameprogramm HY

Hei fannt dir eng Duerstellung vun dem Layer an der Gemeng, déi dir ausgewielt hutt. Ee Klick op den Numm vum Layer brëngt Iech direkt an de Geoportal.


Numm
Detailléierte Moossnameprogramm HY
Beschreiwung
Am detailléierte Moossnameprogramm sinn di hydromorphologesch Moossnamenarten (HY) an d'Moossnamenarten déi sech op d'Gestioun vum urbane Waasser bezéien (SWW), an déi am Moossnamekatalog vum zweete Bewirtschaftungsplang definéiert sinn, deenen eenzele Waasserkierper zougeuerdent ginn. Zil vun dëser Zouuerdnung ass et fir fir all Waasserkierper déi Moossname virzegesinn, déi dozou bäidroe fir d'Belaaschtungen an d'Defiziter am Waasserkierper ze reduzéieren an esou zu enger Verbesserung vum Zoustand respektiv dem Erhale vum gudden Zoustand vum Waasserkierper ze  féieren. 
De Spektrum vun den hydromorphologesche Moossnamen ëmfaasst d'Verbesserung vun der ökologescher Duerchgängegkeet, d'Gewässerrenaturéierung esou wéi d'Reguléierung vum Mindestwaasseroffloss. Verschidden hydromorphologesch Moossnamenarten kënnen ee positiven Impakt op d'Héichwaassersituatioun hunn. 
Stëchwieder
Waasserrahmerichtlinn (Richtlinn 2000/60/EG),  Héichwaasserrisikomanagement-Richtlinn (Richtlinn 2007/60/CE),  Moossnamen,  Hydromorphologie,  Renaturéierung,  Duerchgängegkeet,  Mindestwaasseroffloss
Komplett Metadaten
Link